Schi AlpinMarta Bassino a Manuel Feller sti ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
Den Éisträicher konnt sech zu Flachau am Slalom duerchsetzen, bei den Damme war d'Marta Bassino am Riseslalom a Slowenien déi Séierst.
© AFP

Nodeems d’Course vun den Hären duerch eng erhéichten Zuel vu positive Corona-Fäll vu Wengen op Kitzbühel verluecht gouf, war et dës Woch d’Nouvelle, dass de Slalom net zu Kitzbühel ofgehale géif ginn, mee zu Flachau. Domat sinn d’Hären um Samschdeg dann och am Éisträichesche Flachau un den Depart gaangen.

Den Éisträicher Manuel Feller konnt sech a sengem Heemechtsland no enger 3. Plaz am éischten Duerchgang duerch ee feelerfräie Laf um Enn iwwer seng éischte Victoire a senger Karriär freeën. Zweete gouf de Fransous Clément Noël (1. Plaz nom éischten Duerchgang), déi drëtte Plaz war fir de Marco Schwarz, deen domat dat gutt éisträichescht Resultat ofronne konnt.

Am General bleift iwwerdeems den Alexis Pinturault kloer de Leader.

Zu Kranjskar Gora a Slowenien waren duerno d’Dammen an engem Riseslalom gefuerdert. D’Italienerin Marta Bassino konnt sech um Enn no zwee staarke Leef d’Victoire sécheren. D’Italienerin hat um Enn 8 Zéngtel Avance op d’Tessa Worley aus Frankräich, déi sech am zweeten Duerchgang nach vun der 5. Plaz verbessere konnt. Drëtt gouf d’Michelle Gisin aus der Schwäiz virum Petra Vlhova, déi domat am General weider kloer a Féierung bleift.

Back to Top
CIM LOGO