
Um Sonndeg stoung zu Val d’Isère a Frankräich bei der Coupe du Monde déi éischten Descente bei den Hären um Programm. Nodeems den Éisträicher Otmar Striedinger no enger excellenter Course no 30 Fuerer ewell wéi dee séchere Vainqueur ausgesinn hat, gouf et um Enn eng fauschtdéck Iwwerraschung. Aus dem Näischt war et dem Slowen Martin Cater gelongen, dem Éisträicher nach ee Stréch duerch seng éischte Victoire maachen.
Dëse stoung iwwerdeems mat 22 Honnertstel Avance fir d’éischte Kéier ganz uewen um Podium. Drëtt gouf de Schwäizer Urs Kryenbühl.
De Riseslalom bei den Dammen am franséische Courchevel gouf iwwerdeems op e Méindeg verluecht. Duerch de staarke Schnéi konnt d’Course net, wéi geplangt, um Sonndeg gefuer ginn.