Luxembourg Ladies Tennis MastersMartina Hingis, Daniela Hantuchova a Julia Görges bei éischter Editioun dobäi

RTL Lëtzebuerg
Vum 20. bis den 23. Oktober gi fir d'éischte Kéier an der Coque d'Luxembourg Ladies Tennis Masters organiséiert.
Luxembourg Ladies Tennis Masters
Martina Hingis, Daniela Hantuchova a Julia Görges bei éischter Editioun dobäi.

E Rendez-vous fir fréier Weltklassespillerinne mat engem Präisgeld vun 100.000 Euro. En Dënschdeg goufen déi éischt 3 Spillerinnen annoncéiert.

Luxembourg Ladies Tennis Masters/Reportage Rich Simon

30 Joer Spëtzentennis op der Kockelscheier. Vun 1996 huet d’IWTP souguer e WTA-Tournoi mat de bekanntsten Tennisspillerinne fir de Lëtzebuerger Public organiséiert. Dat Kapitel ass zanter leschtem Joer eriwwer, mee d’Ekipp vum Dan Maas huet sech en neien Challenge gesat: en Invitatiounstournoi an der Coque.

En Dënschdeg hunn d’Organisateuren déi éischt 3 vun 8 Spillerinne fir den Tournoi am Oktober virgestallt. Als éischt d’Martina Hingis, déi 41 Joer al Schwäizerin war 209 Wochen d’Nummer 1 op der Welt, huet 5 Grand-Slam-Titele gewonnen an 43 WTA-Tournoien.

D’Daniela Hantuchova war 2003 wuel nëmmen d’Nummer 5, mee ëmmer e grousse Libling vum Public. D’Slowakin huet 7 WTA-Tournoien an hirem Palmarès stoen.

D’Julia Görges ass mat hiren 33 Joer nach net laang an hirer Tennispensioun, mee huet gutt Erënnerungen u Lëtzebuerg. Déi Däitsch stoung 2019 an der Finall an huet den Tournoi 2018 gewonnen. Lo waart en neien Defi an der Coque. Déi fréier Nummer 9 op der Welt freet sech, nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.

Et ass eppes ganz Spezielles. Esou een Event gouf et nach ni an där Form op der Welt. Ech fannen et eng cool Iddi, well ech och geduecht hunn, net méi op Lëtzebuerg ze kommen, well ech mat menger Karriär opgehalen hunn. Ech freeë mech op dat Event.

D’Martina war ëmmer mäin Idol. Duerch hatt hunn ech ënnert anerem ugefaangen, Tennis ze spillen. Ech hunn och schonns am Dubbel géint hatt gespillt, awer net am Simpel. Mir kennen eis. Kucke mir emol, wat d’Auslousung bréngt. Mee ech freeë mech, géint jiddwereen ze spillen. Éischtens viru Publikum ze spillen an iwwerhaapt mol nees ee Match an ech wäert och bëssen nervös sinn.

D’Julia Görges hofft och, datt d’Mandy Minella nach eng Invitatioun vun den Organisateure kritt. Béid Spillerinne sinn zanter Jore matenee befrënnt.

Interview mam Julia Görges
D’Julia Görges ass mat hiren 33 Joer nach net laang an hirer Tennispensioun, mee huet gutt Erënnerungen u Lëtzebuerg.

Den Tournoi fänkt den 20. Oktober mat de Véierelsfinallen un. Sonndes den 23. Oktober ass d’Finall.

Back to Top
CIM LOGO