Nächste SchrattMarvin Martins verléisst Nidderkuer a Richtung Lviv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg huet de Progrès Nidderkuer op eng Pressekonferenz geruff. Hei goufen nei Spiller presentéiert, ma et gouf och engem Äddi gesot.
© Serge Olmo

De Marvin Martins war am Joer 2018 bei déi Schwaarz-Giel gewiesselt an huet sech do séier zu engem ganz wichtege Spiller entwéckelt. Elo geet de Lëtzebuerger Nationalspiller deen nächste Schratt a senger Karriär a wiesselt an d’Ukrain bei Karpaty Lviv. De 24 Joer alen Defenseur huet fir 2 Joer ënnerschriwwen.

Dann huet Nidderkuer e Méindeg awer och zwee nei Spiller virgestallt. Engersäits kënnt de Ricky Borges zeréck, deen op Käerjeng ausgeléint war. Op där aner Säit konnt ee sech mam Jacky Mmaee ee geféierlechen a séiere Mann fir d’Offensiv sécheren. Déi lescht Joren huet den Mmaee fir Wolz gespillt.

Back to Top
CIM LOGO