
Am Dammevolleyball konnt Walfer säin 8. Championstitel an der Veräinsgeschicht feieren. Eng Spillerin, déi bei all Titel vun der Residence dobäi war, ass d’Maryse Welsch. Déi 32 Joer al Libero huet elo no der Victoire an der Finall vum Championnat géint d’Gym e Schlussstréch ënnert hir Karriär gezunn:
“Een Titel dee erausstécht, gëtt et esou ze soen net. Fir mech war all Titel schéin, natierlech waren déi Saisonen am schéinsten, wou mer den Triplé gemaach hunn, zanter datt och am Volleyball d’Supercoupe agefouert gouf. An awer muss ech soen, datt déi Titelen, déi mir am meeschte bedeiten, eigentlech déi waren, wou ech mat menge Schwësteren zesummen um Terrain stoung, a mir déi Titelen zu Drëtt zesumme gefeiert hunn, an awer, wéi gesot, all Titel war schéin.”
An dat war de Weekend natierlech och de Fall. An de leschten zwee Joer war et net ëmmer einfach, d’Beruffs- an d’Sportlerliewen ënnert en Hutt ze kréien. Mam 8. Championstitel an der Täsch kann d’Maryse Welsch awer elo an hir wuelverdéngte Sportlerpensioun, wéi si selwer seet.