Vizepresident vun der FLF"Mat där Zeen mam VAR vum Mica Pinto si mer manifestement benodeelegt ginn"

RTL Lëtzebuerg
Mir hu mam Responsabele vun den Arbittere Charles Schaack iwwert déi zwou kriddeleg Situatiounen aus der Partie vun en Donneschdeg geschwat.

Fir de Vizepresident vun der FLF an de Responsabele vun den Arbitteren ass et kloer, datt den Arbitrage en Donneschdeg den Owend a Georgien net zu Gonschte vun de Lëtzebuerger war. Datt d’Rout Léiwen awer verpaff goufen, wëll hien net soen.

Interview mam Charles Schaack
Mir hu mam Chef vun de Lëtzebuerger Arbittere Charles Schaack iwwert d’Situatioun mat der Rouder Kaart an dem Gol, deen dowéinst annuléiert gouf, geschwat.

Wat fir de Charles Schaack an och aner Leit aus dem Comité vun den Arbittere kloer war, de Foul um Mica Pinto an der éischter Hallschent hätt misste mat enger rouder Kaart bestrooft ginn. Esou e Foul wier u sech d’Léierbeispill, wat een ëmmer nees vun der UEFA géif kréien, fir ze weisen, wéi eng Fouls mat Rout ze bestrofe wieren. “Firwat de VAR dat net gesinn huet, och wann den Arbitter et verpasst huet, dat ass mir einfach e Rätsel”.

Agegraff huet de VAR awer dunn nom 1:1 vun de Lëtzebuerger an ass op eng Zeen zeréckkomm, déi kuerz Zäit virdru virum Lëtzebuerger Strofraum passéiert ass. Reegeltechnesch ass déi ganz Situatioun an der Rei, seet de Charles Schaack, well de Match tëscht béide Situatiounen net ënnerbrach war. An dëser Zeen, seet de Vizepresident vun der FLF, hätt him d’Fangerspëtzegefill vum Arbitter gefeelt. Nodeem de Charles Schaack d’Situatioun selwer gesinn huet, hätt ee maximal dat kuerzt Halen um Uewerkierper kéinte päifen. Dofir awer Rout ze weisen, wier kee “Smart Whistling”. Den Arbitter huet an dëser Zeen “d’Reegel extreem ausgeluecht, zu eisen Ongonschten”. Am Mëttelfeld, mengt de Responsabele vun de Lëtzebuerger Arbitteren, hätt een dës Zeen net gepaff. Mä den Arbitter huet d’Reegel esou ausgeluecht, wéi hien et gemaach huet an “domadder musse mer ebe liewen”.

Weider huet de Charles Schaack am Interview annoncéiert, datt d’FLF wuel bei der UEFA géif nofroen, wéi een déi Zeene beim europäesche Futtballverband géif ausleeën. Well, an do ass de Vizepresident vun der FLF formell, “mat der Zeen mam VAR mam Mica Pinto si mer manifestement benodeelegt ginn”.

Déi zwou Zeenen am Replay

Foul um Mica Pinto
Kuerz no dësem Tëschefall huet de Lëtzebuerger Nationalspiller mussen ausgewiesselt ginn.
Gol vum Gerson Rodrigues zielt net, Rout fir Maxime Chanot
De VAR hat agegraff.

De Resumé vum ganze Match

De Resumé vun der Partie Georgien-Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend ass den Dram vun der EM-Participatioun fir d’Rout Léiwen geplatzt.

Fotosgalerien

Back to Top
CIM LOGO