
Wéi d’Eintracht knapp 7 Stonne virum geplangten Upëff (21 Auer) matgedeelt huet, gouf d’Partie zu Salzburg wéinst enger Orkan-Warnung ofgesot. Virausgesot si Wandspëtzte vu bis zu 120 km/h.
Weder fir d’Fans nach fir d’Personal hätt eng sécher Un- an Ofrees garantéiert kéinte ginn. An enger Krisesëtzung hunn Vertrieder vun der UEFA, vu Ekippen a vun der Police vu Salzburg dofir decidéiert, datt de Match aus Sécherheetsgrënn net gespillt ka sinn.
De Retourmatch vun de 1/16-Finalle war mat 29.000 Zuschauer ausverkaaft. Frankfurt hat den Allersmatch mat 4:1 fir sech decidéiert.
D’Partie gëtt e Freideg den Owend um 18 Auer gespillt.