
Nodeems den 1. Match tëscht Lincoln City a Prishtina wéinst 8 positive Fäll bei de Kosovaren ofgesot gi war, sollt de Match e Samschdeg a Gibraltar nogeholl ginn an dofir krut Prishtina d’Erlabnis, fir sech 20 Spiller vun den aneren Ekippen aus der kosovarescher Liga auszeléinen, fir net Forfait missten ze verléieren.
Allerdéngs ass d’Ekipp aus dem Kosovo net am Stadion opgedaucht. Onkloer ass, wien de Match ofgesot huet, well d’Heemekipp huet matgedeelt, datt de Match vun der Uefa ofgesot ginn ass a Prishtina huet awer betount, datt de Match vun de lokalen Autoritéiten annuléiert gouf.
Elo muss d’Uefa eng Léisung fir dëse spezielle Fall fannen.
De Gewënner vun dësem Match ass iwwregens de Géigner vun der Union Titus Péiteng an der nächster Ronn.