
De BVB soll ronn 38 Milliounen op München iwwerweisen, fir den Defenseur zeréckzehuelen. Virun dräi Joer war den Hummels fir 35 Milliounen op München gewiesselt. Elo verkeeft Bayern en esouguer nach mat Gewënn zeréck.
An 118 Matcher fir de Rekordchampion huet den Hummels 8 Goler markéiert. Am FCB-Trikot huet den Hummels 2 Mol den Doublé gewonnen.
Ewéi et heescht hätt den däitschen Defenseur ee Vertrag vun 3 Joer zu Dortmund ënnerschriwwen.