Olympesch WanterspillerMatthias Mayer wënnt Gold am Super-G

RTL Lëtzebuerg
De Bronzemedail-Gewënner vun der Descente e Méindeg konnt sech en Dënschdeg iwwer d'Goldmedail am Super-G freeën.
© AFP

Den Éisträicher hat schlussendlech eng ganz knapp Avance vun nëmme 4 Honnertstel op den US-Amerikaner Ryan Cochran-Siegle. De Podium gouf komplettéiert vum Norweger Aleksander Aamodt Kilde, deen e Retard vun 42 Honnertstel hat.

Fir de Matthias Mayer ass et iwwerdeems eng historesch Goldmedail, well et ass seng drëtt an dat bei 3 verschiddene Wanterspiller: Gold an der Descente zu Sochi, Gold am Super-G zu Pyeonchang an elo ebe Gold am Super-G zu Peking.

Back to Top
CIM LOGO