Am Kader vum neien Trainer vum Swift, dem Carlos Fangueiro, war de Maurice Deville net dran. Schonns déi leschte Saison hat hien um Holleschbierg ee schwéiere Stand. Hie stoung am Championnat just 14 Mol um Terrain, mat enger Moyenne vu ronn 30 Minutten. Esou hat hie sech säi Retour op Lëtzebuerg net virgestallt.
Am RTL-Interview huet de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller erkläert, datt säi Retour op Hesper net méi schlecht hätt kënnen oflafen. Den Trainer wier net emol involvéiert gewiescht, datt de Maurice Deville op Hesper kënnt. Donieft wousst hien och net, wéi en de Lëtzebuerger asetze sollt. D’Situatioun wier den Ament alles aneschters wéi einfach fir hien. Hien hätt doduerch och seng Plaz an der Nationalekipp verluer, esou de Maurice Deville.
Den nächste Mëttwoch spillt Hesper de Retourmatch vun der Champions League géint Bratislava.