LiichtathletikMax Lallemang gëtt beschte Lëtzebuerger beim Cross zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme gouf den erwaarten Erfolleg fir d'Ethiopierin Tekuam Bisetegen, d'Anny Wolter gouf déi beschte Lëtzebuergerin.
Cross zu Diddeleng
Vill Leefer waren an der Forge du Sud fir de Cross Country um Rendez-vous.

An der Häre-Course war d’Victoire e Sonndeg de Mëtteg fir de Mohammed Hussein aus dem Sudan, dat iwwer eng Minutt virum Nicolas Navet aus der Belsch. De beschte Lëtzebuerger gouf de Max Lallemang (Fola) als 3. op 1 Minutt an 10 Sekonnen. De Christophe Kass (Fola) gouf 4. an de Champion Yannick Lieners (CAB) koum mat engem Retard vu bal 2 Minutten als 5. un.

Bei den Damme goung kee Wee laanscht d’Ethiopierin Tekuam Bisetegn. Si konnt sech virun der 1. Lëtzebuergerin Anny Wolter (Fola) duerchsetzen.

PDF: D'Resultater vum Cross Country zu Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO