Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMaxime Chanot verléiert mat New York City

RTL Lëtzebuerg
An der MLS huet de Lëtzebuerger mat New York 1:2 de Kierzere géint Columbus Crew gezunn. Karlsruhe gewënnt mam Dirk Carlson 2:1 géint Heidenheim.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

An der Nuecht op e Sonndeg war de Maxime Chanot mat New York City an der amerikanescher MLS am Asaz. De Lëtzebuerger Defenseur stoung bei der 1:2-Néierlag vu senger Ekipp géint Columbus Crew 90 Minutten um Terrain a krut an der 89. Minutt déi Giel Kaart gewisen. New York steet no 6. Spilldeeg an der Eastern Conference op der 3. Plaz.

An der 2. däitscher Bundesliga huet um leschte Spilldag Karlsruhe mat 2:1 géint Heidenheim gewonnen a klasséiert sech no 34. Spilldeeg op der gudder 6. Plaz. Den Dirk Carlson ass an der 72. Minutt agewiesselt ginn.

Samschdeg

An der Bundesliga huet de Leandro Barreiro bei Mainz missen mat enger Blessur um lénken Uewerschenkel no enger Hallwer Stonn ausgewiesselt ginn. Och ouni de Lëtzebuerger Nationalspiller konnt Mainz mat 3:2 zu Wolfsburg gewannen. Domadder schléisst Mainz eng super Réckronn mat enger Victoire of. Um Enn steet Mainz op der 12. Plaz a bleift der Bundesliga erhalen.

An der 2. Portugisescher Liga ass d’Ekipp vum Eric Veiga, Vilafranquense, op Vileza getraff. De Lëtzebuerger gouf an der 63. Minutt agewiesselt, mee konnt déi 2:5-Néierlag net méi verhënneren. Domadder ass Vilafranquense ofgestigen.

An der 3. Liga an Däitschland gouf um Samschdeg de leschte Spilldag gespillt. De Maurice Deville verléiert mat Saarbrécken mat 0:2 zu Zwickau. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 71. Minutt ausgewiesselt. Saarbrécken steet um Enn op enger gudder 5. Plaz.

An der Belsch koum de Laurent Jans mam Standard Léck am Grupp Conference League zum Asaz. Hei gouf et am leschte Match eng 1:3-Néierlag géint Oostende. De Laurent Jans gouf an der 82. Minutt agewiesselt. Domadder schléisst Léck dëse Grupp op der leschter Plaz of.

Freideg

An der Schwäiz hunn d’Young Boys Bern, d’Ekipp vum Lëtzebuerger Christopher Martins, dës Saison d’Coupe an de Championstitel gewonnen. E Freideg gouf et um leschte Spilldag an der schwäizer Super League nach emol eng Victoire zum Ofschloss. Bern huet sech zu Lausanne kloer mat 4:2 behaapt. De Christopher Martins stoung net am Kader.

Back to Top
CIM LOGO