Internationale FuttballLille ass neie franséische Champion

RTL Lëtzebuerg
Juventus Turin an Italien a Liverpool an Chelsea an England qualifizéiere sech fir d'Champions League.
© AFP

OSC Lille ka sech no enger 2:1-Victoire géint Angers fir déi 4. Kéier d’Kroun a Frankräich opsetzen a feiert den Titel virum PSG, déi um Enn op déi 2. Plaz kommen. An der 2. Liga an Däitschland ass et Bochum a Fürth déi opsteigen, Kiel muss géint Köln an d’Relegatioun.

2. Bundesliga

An der 2. däitscher Bundesliga ass um Sonndeg de Mëtteg d’Entscheedung gefall, wien an déi 1. Liga dierf opsteigen. Bochum, déi 3:1 géint Sandhausen gewonnen hunn a Greuther Fürth kënne sech um Enn iwwert den Opstig freeën. Fürth huet an Ënnerzuel an no Réckstand de Match géint Düsseldorf nach mat 3:2 gewonnen an esou Kiel iwwerholl, déi hirersäits mat 2:3 géint Darmstadt verluer hunn. Kiel muss an der Relegatioun géint den 1. FC. Köln spillen, déi sech um Samschdeg a leschter Minutt géint Schalke konnte mat 1:0 duerchsetzen. D’Matcher an der Relegatioun ginn e Mëttwoch an e Samschdeg gespillt.

Karlsruhe mam Lëtzebuerger Dirk Carlson kënnt no 34. Spilldeeg ob déi 6. Plaz.

De Wee an déi 3. Liga musse Würzburg a Braunschweig untrieden. Osnabrück muss an d’Relegatioun géint Ingolstadt.

Premier League

An der Premier League huet sech de Champion Manchester City och um leschte Spilldag souverän mat 5:0 géint Everton duerchgesat. Spannend war et um 38. Spilldag wéi eng Ekippe sech fir d’Champions League kënne qualifizéieren. Liverpool huet sech un der Anfield Road mat 2:0 géint Crystal Palace duerchgesat a kënnt um Enn op déi 3. Plaz an der Tabell.

Spannend war et tëscht Leicester an Chelsea. Laang huet et dono ausgesinn, dass Chelsea Plaz 4 verpasst, dat well Leicester géint Tottenham a Féierung louch. No engem Feeler vum Schmeichel an engem Gol vum Bale huet Tottenham de Match awer gedréint (4:2), sou dass d’Chelsea sech trotz enger Néierlag géint Aston Villa (1:2) ka fir d’Kinneksklass qualifizéieren. Leicester gëtt 5. an Tottenham 7. Arsenal spillt d’nächst Saison net international.

De Gang an déi 2. Liga musse Fulham, West Bromwich a Sheffield United untrieden. Dorun huet och de leschte Spilldag näischt méi geännert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Nodeems Inter Mailand sech fréizäiteg de Meeschtertitel an Italien séchere konnt, ass et e Sonndeg den Owend um leschte Spilldag nach ëm d’Champions-League-Qualifikatioun gaangen. Den AC Mailand ka sech am direkten Duell géint Atalanta Bergamo mat 2:0 duerchsetzen a steet um Enn op der 2. Plaz an der Tabell. Als 3. klasséiert sech Atalanta. Déi leschte Plaz fir d’Kinneksklass ass fir Juventus Turin, déi domat mat der 4:1-Victoire géint Bologna nach laanscht Neapel gezu sinn. Neapel steet deemno no 38. Spilldeeg ob der 5. Plaz a muss de Gang an d’Europa League untrieden.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

An der Ligue 1 ass et um Sonndeg den Owend zum Showdown tëscht Lille an dem PSG komm. Obwuel de PSG mat 2:0 zu Brest gewonnen huet ass et net méi duer gaangen, nach ob déi 1. Plaz ze kommen, dat well Lille säi Match och konnt erfollegräich zu Enn bréngen. Eng 2:1-Victoire géint Angers séchert dem OSC de Meeschter-Titel a Frankräich. Monaco muss an d’Champions League Qualifikatioun.

Metz spillt 1:1 gläich géint Marseille.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO