
Wéi déi franséisch L’Equipe confirméiert krut, gouf säi Kontrakt bei Ajaccio opgeléist an hien ënnerschreift fir 3 Joer beim Los Angeles FC. De mëttlerweil 34 Joer ale Chanot huet zanter Kuerzem och déi amerikanesch Nationalitéit a gëllt dohier als lokale Spiller. Hie war jo och scho Kapitän vum New York City FC, mat deem hie virun 3 Joer de Championstitel feiere konnt. Beim LAFC spillt zanter Kuerzem och de fréiere franséischen Nationalgolkipp Hugo Lloris.