Spiller vun de klenge LännerMedailen hunn net déi absolut Prioritéit, esou de COSL-President Michel Knepper

RTL Lëtzebuerg
D'nächst Woch fänken d'Spiller vun de klenge Länner un, a Malta spillt net fair, seet de COSL-President am RTL-Interview.

A senger Funktioun als COSL-President wäerten et fir de Michel Knepper déi éischt Spiller vun de klenge Länner sinn. Hien ass iwwerzeegt, dass déi Lëtzebuerger Delegatioun vu ronn 250 Leit gutt preparéiert ass. Aus logisteschen, an och aus finanzielle Grënn, geet et mam Bus an Andorra. De Budget fir déi ganz Operatioun läit bei ronn 500.000 Euro.

Fir de Michel Knepper ass de Gewënn vu Medailen natierlech eppes Schéines, mee et gehéiert awer net zu den absolutte Prioritéiten. Villméi géif et drëms goen, dass jonk Talenter nei Erfarunge kéinte sammelen, an eventuell souguer hir beschte Performancë verbessere kéinten. D’Spiller wieren ëmmer eng gutt Méiglechkeet, fir sech op engem méi héije Niveau, wéi een dat normalerweis gewinnt ass, mat der internationaler Konkurrenz ze moossen.

Bedauerlech wier de Fakt, dass Malta och déi Kéier erëm Athleten akaaft hätt, andeems se einfach hir Nationalitéit kritt hätten. Virun zwee Joer war dat och schonn de Fall. Ofgesinn dovu hätt sech um prinzipielle Geescht vun de Spiller net vill geännert, sou de President vum COSL. Et géif Familljenambiance herrschen tëscht de Länner, déi deelhuelen.

2029 wäerten d’Spiller vun de klenge Länner erëm hei zu Lëtzebuerg sinn. Éischt Pläng a Budgete sinn dofir schonn ausgeschafft ginn. Wann do eng 1.000 Leit sollen empfaange ginn, da misst e Budget tëscht 5 a 6 Milliounen Euro envisagéiert ginn. Dofir brauch et - nieft der Ënnerstëtzung vum Staat - natierlech och eng Partie Sponsoren, fir um Enn eng sportlech Woch ze realiséieren, déi déi ganz Populatioun touchéiere soll.

De ganzen Interview mam Michel Knepper liest Dir HEI bei de Kolleege vum RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO