
Zanter 2001 ass den Dokter Azzolin bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. Seng éischt Spiller waren zu San Marino, deemools war hien nach an der Formatioun als Sportsmedeziner. Scho vun Ufank un, seet hien, wier hie vun dem Evenement begeeschtert. Hien ass faszinéiert wéi sech dat Ganzt iwwert Joren entwéckelt huet a mierkt och, wéi d’Sportler sech entwéckelen.
“T’ass och flott, et gesäit ee Sportler, déi an enger éischter Phas als Sportler do sinn an duerno komme se als Trainer zeréck.”
En anert Beispill ass de François Grailet, e fréiere Liichtathlet, deen elo beim Dr. Azzolin als Assistenzdokter schafft.
Bis haut huet sech vill verännert bei de Behandlunge vu Sportler. Elo gi schwéier Verletzungen, wéi Gehirnerschütterungen oder Kräizbandrëss méi effektiv betreit, wéi viru 24 Joer.
“D‘medezinesch Kenntnisser si gewuess”, erkläert de Sportsmedeziner.
Fir hien ass wichteg, d’Sportler medezinesch kënnen ze begleeden. Verletzungen, besonnesch Gehirnerschütterungen hunn e groussen Afloss op de Sport.
“Wann d’Gesondheet net méi do ass, dann ass och kee Sport méi do”, sou den Dr. Azzolin.
Jiddwereen hëlleft sech géigesäiteg. Wann mol ee feelt, da spréngt een aneren Dokteren an. Falls dann e Sportler eng Verletzung huet, ass dann och ëmmer ee Member vun der Ekipp op der Plaz, fir ze hëllefen.
Den Dr. Azzolin ass ganz zefridde mat der Astellung vu senger Ekipp, well bei all Virfall muss een ëmmer prett sinn. Bei klenge, wéi och grousse Blessure sinn d‘Dokteren op der Plaz, fir de Sportler ze hëllefen, erëm op d‘Been ze kommen.
Hie selwer mécht och vill Sport an hien ass begeeschtert vun de Kampfsportaarten, besonnesch vum Judo. Fir hie war et e grousse Moment, wéi 2011 zu Liechtenstein d’Lëtzebuerg Judokaen all d’Goldmedaile gewonnen hunn.