Champions LeagueMessi a Suarez suerge fir souverän Barça-Victoire géint Liverpool

RTL Lëtzebuerg
An engem intensive Match op héijem Niveau hunn de Suarez an de Messi (2x) déi 3 Goler vu Barcelona geschoss.
© AFP

E Mëttwoch den Owend konnt sech an den Halleffinalle vun der Champions League Barcelona mat 3:0 am Allersmatch géint Liverpool behaapten. De spuenesche Champion huet domadder een éischte Schratt a Richtung Finall gemaach. D’Goler hunn de Suarez an der 26. Minutt an de Messi an der 75. an 82. Minutt geschoss.

Champions League - De Resumé vum Guy Seyler

Déi 3 Goler vu Barcelona am Replay
Les buts de la rencontre

De Resumé vum Match

Et war eng flott an animéiert Partie tëscht Barcelona a Liverpool. An der éischter Hallschent war et eng ganz ausgeglache Partie an där den FC Barcelona awer méi Zuch zum Gol entwéckelt huet. D’Katalanen hu méi Gefor ausgestraalt an esou lounge si och an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung. An der 26. Minutt waren d’Spuenier a Féierung gaangen. No engem Diagonalball vum Vidal op der lénker Säit war de Ball iwwert de Coutinho bei den Jordi Alba komm. Dësen huet een excellente flaache Pass an de Strofraum op de Suarez gemaach, deen dat ronnt Lieder aus kuerzer Distanz laanscht de Kipper Alisson iwwert d’Linn gedréckt huet.

Batter fir Liverpool war d’Blessur vum Keita an der 24. Minutt. Fir hie koum den Henderson op den Terrain. Hie war um Gol vu Barcelona net ganz onschëlleg, well hie stoung net no genuch beim Jordi Alba. An der 34. Minutt hat Liverpool d’Chance op den 1:1. Eng Flank vum Gomez war am Strofraum beim Mané gelant, deen ass aus 12 Meter fräi zum Ofschloss komm, ma hien huet kloer verzunn. Mam 1:0-Avantage fir Barcelona ass et an d’Kabinne gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der éischter Hallschent
Duerch e Gol vum Suarez loung Barcelona an der Paus mat 1:0 géint Liverpool a Féierung.

No der Paus ass et bei béiden Ekippen onverännert weidergaangen. Liverpool war am Ufank vun der zweeter Hallschent méi geféierlech, Barcelona huet ofgewaart. An der 47. Minutt hat de Wijnaldum de Ball am Siechzéngmeterraum op de Milner ginn, säi Schoss aus 13 Meter huet den ter Stegen awer iwwert de rietse Potto deviéiert. An der 59. Minutt war et eng weider gutt Chance fir d’Englänner. De Salah hat de Ball mat engem flaache Pass an de Strofraum ginn, hei huet de Wijnaldum dat ronnt Lieder fir de Milner duerchgelooss, ma säi Schoss war ze zentral. Den ter Stegen hat keng Problemer fir ze klären.

Barcelona war weidergi ganz passiv an der zweeter Hallschent an huet op Kontere gelauert, ma richteg geféierlech Aktioune sinn net zustane komm. No der 65. Minutt huet Barcelona nees ugefaangen e bësse méi aktiv ze ginn. An der 75. Minutt huet dunn ee Konter vu Barcelona nees perfekt gepasst. De Messi hat am Mëttelfeld séier ëmgeschalt, iwwert de Sergi Roberto ass de Ball am Strofraum bei de Suarez komm, hien huet mam Knéi nëmmen d’Lat getraff. Ma de Ball ass zeréck op den Terrain gesprongen an du koum de Messi genee richteg, fir de Ball an den eidele Gol ze setzen. Den 2:0 fir Barcelona. Ganz batter fir Liverpool. An enger Phas wou een den Ausgläich verdéngt gehat hätt, huet Barcelona äiskal zougeschloen. An der 83. Minutt huet et eng weider Kéier am Gol vu Liverpool gerabbelt. De Messi huet mat engem perfekte Fräistouss aus 25 Meter zentraler Positioun fir den 3:0 gesuergt. An de leschte Minutte viru Schluss hat Liverpool Gléck, datt et beim 3:0 bliwwen ass, well d’Spuenier hat nach e puer ganz gutt Chancen, déi se awer net notze konnten. Um Enn gewënnt Barcelona also kloer mat 3:0 géint Liverpool.

Déi bescht Zeenen aus der zweeter Hallschent
No der Paus huet de Messi duerch zwee Goler d’Victoire vu Barcelona géint Liverpool an dréchen Dicher bruecht.

En Dënschdeg hat sech schonn Ajax Amsterdam auswäerts mat 1:0 géint Tottenham Hotspur behaapt.

RTL-Artikel: Champions League: Tottenham verléiert doheem 0:1 géint Amsterdam D’Retourmatcher sinn ewell déi aner Woch:

Dënschdeg, 7. Mee: Liverpool-Barcelona
Mëttwoch, 8. Mee: Ajax-Tottenham

Back to Top
CIM LOGO