Internationale FuttballMessi dréint de Match géint Sevilla

RTL Lëtzebuerg
Beim Comeback vum Harry Kane konnt Tottenham an der Premier League zu Burlney net wannen. Iwwerdeems huet de Kylian Mbappé säi 50. Ligue-1-Gol geschoss.
© afp

E Freideg an e Samschdeg goufen et an Europa eng Rei Matcher, dat och mat Lëtzebuerger Bedeelegung.

LINK: Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Remis fir de Gerson Rodriguez mat IwataAn der Bundesliga konnt sech Stuttgart ee Punkt sécheren a Milan hat keng Problemer mat Empoli.

LINK: Internationale Futtball: Stuttgart séchert sech auswäerts emol erëm ee PunktLINK: Bundesliga: Schalke léisst weider Plommen - Manager Heidel demissionéiert

La Liga

Sevilla - Barcelona 2:4

Ee reegelrecht Spektaktel kruten déi knapp 41.000 Spectateuren am Ramon Sanchez Pizjuan Stadion zu Sevilla gebueden - mat dem méi gléckleche Schluss fir d’Gäscht.

De Jesus Navas konnt sech Faarwen an der 22. Spillminutt mat 1:0 a Féierung bréngen. De Messi hat awer just 5 Minutten drop schonn d’Äntwert an huet ausgeglach. Kuerz virun der Paus waren et op en Neits d’Haushären, déi sech duerch ee Gol an Avantage schéisse konnten - déi Kéier war de Butteur de Mercado.

Nom Téi sinn d’Messi-Spiller ugaangen. Den argentinesche Superstar huet opgedréint an eleng zwee weider Goler markéiert. An der 67. an an der 85. Spillminutt - virdrun haten d’Andalusier nach d’Chance, fir op 2:2 auszegläichen. Ma de Verteideger Kjäer konnt dat ronnt Lieder net iwwer déi fatal Linn drécken.

Esou huet de Barca um Enn verdéngt gewonnnen. Dat duerch dräi Goler vum Messi an nach engem vum Suarez an der 3. Minutt vun der Nospillzäit.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Premier League

Burnley - Tottenham 2:1

An der 1. Hallschecht waren nach keng Goler gefall, nom Téi dofir 3. An der 57. Spillminutt huet de Wood op 1:0 gesat, éier eben de Kane an der 65. mat sengem Gol ausgläiche konnt. Den FC Burnley wollt déi 3 Punkten awer doheem halen, sou datt de Barnes an der 83. Spillminutt seng Faarwen erëm a Féierung brénge konnt.

Den FC Burnley konnt domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig erzwéngen an d’Spurs verléieren dräi Zieler am Kampf ëm den Titel.

© afp

Bournemouth - Wolverhampton 1:1

Duerch ee Eelefter vum King ass Bournemouth doheem virum eegene Public mat 1:0 a Féierung gaangen, dat an der 14. Spillminutt. Duerno hu si de Match geréiert, sinn awer vun de Wolves an der 83. bestrooft ginn. Et war och per Eelefter, wéi Wolverhampton duerch de Raul Jimenez ausgläiche konnt.

Leicester - Crystal Palace 1:4

Nawell eng zolidd Néierlag huet Leicester doheem misse géint Palace astiechen. An der 1. Hallschecht konnt de Gaascht well mat 1:0 duerch de Batshuayi an Avantage goen.

Duerno konnt d’Lokalekipp an der 64. Spillminutt duerch den Evans ausgläichen, ier Crystal Palace erëm ugezunn huet. Zweemol Zaha an eng Kéier Milivojevic an et stoung 4:1 fir d’Gäscht.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

PSG - Nîmes 3:0

Bei der 3:0-Victoire vum PSG doheem géint Nîmes konnt de franséische Weltmeeschter Mbappé säi 50. Ligagol markéieren. An der 40. Spillminutt huet den Nkunku fir Paräis den 1:0 geschoss, éier den Mbappé der zwee konnt dropsetzen.

© afp

Seng Goler huet dat jonk Nowuesstalent an der 69. an an der 89. Spillminutt via Eelefter markéiert.

Amiens - Nice 1:0

Wichteg Punkten huet sech e Samschdeg den Owend Amiens géint Nice geséchert. Duerch e Gol vum Guirassy an der 11. Minutt huet ee mat 1:0 gewonnen a sech déi 3 Punkte geséchert. Amien steet den Ament nëmmen op der 16. Plaz an der Tabell. Fir Nice war d’Defaite dogéint ee Réckschlag an der Course ëm déi international Plazen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

Turin - Bergamo 2:0

Eemol kuerz vir an eemol kuerz no der Paus sinn d’Goler fir d’Haushäre gefall. An der 43. Minutt war et den Izzo, deen den FC Torino mat 1:0 an Avantage brénge konnt. Direkt nom Téi, an der 46. Spillminutt, war et säin Equipier Iago Falque, deen ee Gol dropgesat huet.

Frosinone - Roma 2:3

A leschter Sekonn konnt sech d’Roma bei Frosinone déi 3 Punkte sécheren. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet den Dzeko nach den 3:2 markéiert an esou d’Victoire fir Roum perfekt gemaach. D’Lokalekipp war an der 5. Minutt duerch den Ciano a Féierung gaangen. Innerhalb vun 2 Minutten huet Roum dunn de Match gedréint. Fir d’éischt hat den Dzeko an der 30. Minutt op 1:1 ausgeglach, ier den El Shaarawy an der 31. Minutt den 2:1 geschoss huet. An der 80. Minutt konnt Frosinone duerch de Pinamonti ausgläichen, ma duerch e weidere Gol vum Dzeko huet d’Roma de Match um Enn awer nach gewonnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO