No verrécktem MatchMetz ass zeréck an der Ligue 1

RTL Lëtzebuerg
Den FC Metz huet sech säin Ticket fir d'Ligue 1 geséchert – just ee Joer nodeems d'Ekipp ofgestige war.
© FRANCOIS NASCIMBENI AFP

Mat enger spektakulärer 3:1-Victoire géint Reims am Barragematch (Allersmatch: 1:1) hunn d’Messins sech den Opstig verdéngt, wärend Reims an d’Ligue 2 ofsteigt.

Bis déi 78. Minutt war een nach mat 0:1 hannen, duerno huet Metz, Drëtte vun der Ligue 2, de Match komplett gedréint. Besonnesch an der Verlängerung huet de Gauthier Hein mat engem fantastesche Lob an der 114. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt. Reims, déi nach rezent an der Finall vun der Coupe de France stoungen, musse sech elo mat der zweeter Liga zefridden ginn.

Back to Top
CIM LOGO