
An der Bundesliga ass et fir Mainz mam Leandro Barreiro eng 2:1-Victoire géint den FC Bayern ginn.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Liverpool - Newcastle 1:1
1:0 Salah (3'), 1:1 Willock (90+5')
Liverpool ass fréi duerch de Salah a Féierung gaangen a konnt sech och no der Féierung ëmmer nees Chancen erausspillen. Newcastle war awer net komplett ofgemellt an hat och selwer déi eng oder aner Occasioun op den 1:1. Déi feelend Konsequenz vun de Reds sollt dann nach kuerz viru Schluss bestrooft ginn, wéi dem Willock an der 5. Minutt vun der Nospillzäit den Ausgläich gelongen ass. Liverpool léisst also eng weider kéier Punkte leien a muss duerch e spéide Géigegol den nächste Réckschlag astiechen.
West Ham - Chelsea 0:1
0:1 Werner (43')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Genua - La Spezia 2:0
1:0 Scamacca (62'), 2:0 Shomurodov (86')
Sassuolo - Sampdoria 1:0
1:0 Berardi (69')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
St. Etienne - Brest 1:2
1:0 Khazri (11'), 1:1 Charbonnier (66'), 1:2 Charbonnier (79')
Metz - PSG 1:3
0:1 Mbappé (4'), 1:1 Centonze (46'), 1:2 Mbappé (59'), 1:3 Icardi (89')
Net all ze laang huet et gedauert bis de Favorit vu Paräis a Féierung gaangen ass. Den Mbappé gouf an de Laf geschéckt a konnt sou äiskal an der 4. Minutt op 1:0 stellen. Nom Gol huet Metz sech drop konzentréiert kee weidere Gol geschoss ze kréien, ma am Spill no vir ass awer och net wierklech vill gaangen. Kuerz nom Säitewiessel war et dann den Centonze, dee fir Metz ausgläiche konnt. PSG wollt den 1:1 net op sech sëtze loossen, den zweete Gol vum Mbappé huet dann no enger knapper Stonn nees déi verdéngte Féierung bruecht. Vun der Lokalekipp ass am offensive Beräich ze wéineg komm a sou huet den Icardi an der 89. Minutt den Deckel drop gemaach. Um Enn steet eng 3:1-Victoire fir de PSG.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Valencia - Alaves 1:1
0:1 Guidetti (84'), 1:1 Gaya (89')
Real Madrid 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga