Darts-WMMichael Smith gewënnt säin éischte WM-Titel

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf zu London am Alexandra Palace den neien Darts-Weltmeeschter gesicht.
© AFP

Wéi schonns 2019 stounge sech hei de Michael Smith an de Michael van Gerwen géigeniwwer. Et war vun Ufank un en extrem héichklassege Match, wou de Michael Smith ënnert anerem en 9-Darter geheit huet. Um Enn konnt den Englänner sech a senger drëtter WM-Finall dann och mat sengem éischte WM-Titel kréinen. De “Bully Boy” konnt de Match nämlech mat 7:4 gewannen. Duerch dës Victoire ass hien och déi nei Nummer 1 vun der Welt.

Michael van Gerwen - Michael Smith

Am éischte Saz hu béid Spiller direkt e richteg gudden Niveau gewisen. Den Hollänner huet awer méi Konstanz gewisen a konnt esou am Best-of-13-Modus mat 1:0 a Féierung goen.

Am zweete Saz gouf et du schonns e richtegen Highlight, dee wuel all Darts-Fan vun de Sëtzer gerappt huet. Béid Spiller haten an deem nämmlechte Saz d’Chance op en 9-Darter. Nodeems den Hollänner no 8 perfekten Darts d’duebel 12 esou just verpasst huet, konnt de Smith den 9-Darter realiséieren. An der Suite huet hien och de Saz gewonnen, fir op 1:1 ze stellen.

De Michael van Gerwen huet am drëtte Saz nees ze vill Chancen op d’Duebel leiegelooss an dëst huet de “Bully Boy” dann och ausgenotzt. Esou konnt den Englänner nämlech d’Féierung an de Sätz iwwerhuelen.

Am 4. Saz gouf dunn och de Rekord vun 880 180er am ganzen Turnéier gebrach. Zu dësem Zäitpunkt waren et schonns 17 180er eleng an der Finall. An dësem Saz huet de Van Gerwen awer seng ganz Dominanz spille gelooss a konnt op 2:2 an de Sätz ausgläichen.

De 5. Saz sollt dunn och nees un den Hollänner goen, dat well de Smith am 5. an decisive Leg déi éischte Kéier eng kleng Schwächt gewisen huet. Den Englänner konnt bei eegenem Uworf nëmme wéineg Triple-Felder treffen an dëst huet de Van Gerwen ausgenotzt, fir d’Féierung nees ze iwwerhuelen.

Et sollt awer weider spannend bleiwen, well de Smith konnt sech am 6. Saz direkt nees zeréckkafen. Hei huet de Van Gerwen e bësse méi schlecht gescored an esou huet den Englänner op 3:3 gestallt.

Iwwer de 7. Saz wäert de Michael van Gerwen sech wuel ferm iergeren. Den Hollänner louch an de Legs schonns mat 2:0 vir an huet de Saz nawell verluer. De Smith huet an dëser Phas praktesch feelerfräi gespillt a konnt esou de 7. Saz gewannen. Domat war hie mat 4:3 am Avantage.

An der Suite konnt de Smith dëse Schwong weider mathuelen a konnt den drëtte Saz hannertenee gewannen, fir seng Féierung weider an d’Luucht ze schrauwen, esou datt et 5:3 stoung.

Beim Michael van Gerwen huet d’Konzentratioun elo ferm nogelooss an de Smith huet weider duerchgezunn a konnt och den 9. Saz gewannen. De van Gerwen huet sech awer nach net opginn a konnt nom 10. Saz op 4:6 verkierzen.

Am 11. Saz huet de Smith dunn awer alles kloer gemaach a konnt de Match mat 7:4 gewannen an domat säin éischte WM-Titel gewannen.

Och zu Lëtzebuerg hate vill Leit d’Finall vun der Weltmeeschterschaft am Darts verfollegt. Esou zum Beispill zu Déifferdeng:

Back to Top
CIM LOGO