Darts-WMMichael van Gerwen a Michael Smith stinn an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend goufe bei der Darts-Weltmeeschterschaft am Alexandra Palace zu London d'Halleffinalle gespillt.
© AFP

An der éischter Halleffinall krut et de Michael Smith mam Gabriel Clemens ze dinn. Iwwerdeems de Smith schonns virun der WM zu de Favoritte gezielt huet, ass den Däitschen eng vun de positiven Iwwerraschunge vun der WM. E Méindeg den Owend war fir den “German Giant” awer Schluss, do huet hie sech mat 2:6 géint de Michael Smith misse geschloe ginn.

An der zweeter Halleffinall koum et zu engem hollännesch-belschen Duell tëscht dem dräifache Weltmeeschter Michael van Gerwen an dem Dimitri van den Bergh, deen et als éischte Belsch an d’Halleffinall vun der Darts-WM gepackt huet. Ma méi wäit sollt et net goe fir de Van den Bergh. Dee krut e Méindeg den Owend nämlech eng Léierstonn vum Michael van Gerwen, deen de Match mat 6:0 gewonnen huet. Domat stinn en Dënschdeg den Owend de Michael Smith an de Michael van Gerwen an der Finall.

2019 stounge sech béid Spiller schonns an der WM-Finall géigeniwwer. Deemools konnt de Michael van Gerwen de Match gewannen an domat och säin drëtte Weltmeeschtertitel.

Michael Smith (4) - Gabriel Clemens (25) 6:2

Déi éischt 4 Sätz vum Match ware béid Spiller gréisstendeels op Aenhéicht. Wuel huet de Michael Smith e gutt Stéck besser gescored ewéi de Gabriel Clemens, ma den Däitschen hat eng kloer besser Quot op déi Duebel. Den “German Giant” huet seng Chancë genotzt an esou stoung et no enger richteg animéierter Ufanksphas 2:2 an de Sätz.

An der Suite huet den Englänner dunn awer d’Kontroll vum Match iwwerholl. De “Bully Boy” konnt déi nächst 4 Sätz alleguerte fir sech entscheeden an huet de Match esou mat 6:2 gewonnen. De Clemens konnt den Niveau aus den éischte Sätz net konstant halen an huet sech um Enn also dann awer däitlech misse geschloe ginn. Nawell war et fir den Däitschen eng erfollegräich WM, iwwerdeems de Smith elo fir déi drëtte Kéier an der Finall steet a weider op säin éischte WM-Titel hoffe kann.

Michael van Gerwen (3) - Dimitri van den Bergh (15) 6:0

Den Hollänner, deen op der drëtter Plaz an der Weltranglëscht stoung virun der WM ass dann och nees wéi gewinnt gutt an de Match gestart a konnt an den éischten dräi Sätz schonns méi wéi iwwerzeegen. Ënnert anerem huet hien 8 Legs hannertenee gewonnen an am drëtte Saz en Average vun 128 gespillt, den héchsten an engem Saz bei dëser WM.

De Belsch huet wuel net schlecht gespillt, ma de Van Gerwen huet net nëmmen extrem gutt gescored, ma huet och kaum Feeler op den Duebel-Felder gemaach an huet dem Van den Bergh esou praktesch guer keng Chance gelooss. Um Enn war et puer Dominanz an eng richteg Léierstonn, well den Hollänner wënnt de Match mat 6:0 a steet souverän an der Finall.

Back to Top
CIM LOGO