
En Dënschdeg den Owend goufen déi éischt zwou Aachtelsfinalle gespillt. Am éischte Match krut de Gabriel Clemens, deen den Titelverdeedeger Peter Wright eliminéiert huet, et mam Krzysztof Ratajski aus Polen ze dinn. Den “German Giant” huet sech an engem extrem spannende Match misse géint de favoriséierte Pol mat 3:4 geschloe ginn. Béid Spiller hunn um Enn direkt e puer Match-Darts net genotzt, ier de Ratajski de Sak zougemaach huet.
Am zweete Match huet den dräifache Weltmeeschter Michael van Gerwen géint den Joe Cullen missen untrieden. De van Gerwen konnt an den éischte Matcher mat ganz staarke Leeschtungen iwwerzeegen. Den Joe Cullen huet am 3. Tour an engem ganz spannende Match den Jonny Clayton eliminéiert.
Béid Kontrahenten hunn am Match eng ganz staark Leeschtung gewisen an net manner wéi 28 Mol gouf et een 180er. Um Enn huet sech de van Gerwen den Ticket fir d’Véierelsfinalle geséchert an dat no engem 4:3 géint de Cullen. Den Hollänner louch scho mat 1:3 an de Sätz hannen, ier hien de Match nach konnt dréinen.
D’Nummer 1 op der Welt stoung e puer Mol am Match mam Réck zur Mauer. Beim Stand vun 2:3 an de Sätz hat säi Géigner nämlech e Matchdart, ma de Britt konnt dësen net notzen, sou datt de van Gerwen op 3:3 ausgeglach huet. D’Decisioun ass dunn am decisive 7. Saz gefall. Hei hat de Cullen e weidere Matchdart, ma och dëse Kont hien net notzen. Um Enn huet de Michael van Gerwen d’Nerve behalen, seng ganz Erfarung ausgespillt a säin éischte Matchdart genotzt, fir de Match mat 4:3 ze gewannen.
En Dënschdeg de Mëtteg huet den James Wade an der 3. Ronn géint de Stephen Bunting en 9-Darter geheit. Et ass deen éischte bei enger WM zanter 2016, deemools war et den zweefache Weltmeeschter Gary Anderson, deem dat perfekt Spill gelongen ass. Den 9-Darter huet dem Wade awer net vill gehollef, well hien huet de Match um Enn nawell verluer.
D’Darts-WM geet an déi decisiv Phas. En Dënschdeg den Owend stoungen déi zwou éischt Aachtelsfinallen um Programm. E Mëttwoch dann déi 6 aner Aachtelsfinallen. E Freideg ginn d’Véierelsfinalle gespillt, e Samschdeg d’Halleffinallen an e Sonndeg ass dann d’Finall.
Wéi esou dacks gouf et och bei dëser WM schonns eng ganz Partie Iwwerraschungen, ënnert anerem si scho 6 Spiller aus der Top 10 vun der Weltranglëscht dobaussen. De Weltmeeschter aus dem leschte Joer, de Peter Wright, de Michael Smith, de Rob Cross, den Nathan Aspinall, den James Wade an den Ian White goufe schonns eliminéiert.
Gabriel Clemens - Krzysztof Ratajski
Michael van Gerwen - Joe Cullen
Vincent van der Voort - Daryl Gurney
Stephen Bunting - Ryan Searle
Devon Peterson - Gary Anderson
Dirk van Duijvenbode - Glen Durrant
Gerwyn Price - Mervyn King
Dave Chisnall - Dimitri van den Bergh