Schi AlpinMikaela Shiffrin egaléiert Rekord vum Lindsey Vonn

RTL Lëtzebuerg
D'US-Amerikanerin huet e Sonndeg beim Riseslalom zu Kranjska Gora hir 82. Victoire am Weltcup gefeiert.
© AFP (Archiv)

Domat zitt si gläich mat hirer Landsfra Lindsey Vonn, déi bis elo de Rekord vun de meeschte Victoiren am Weltcup gehalen huet. E Sonndeg huet d’Mikaela Shiffrin de Riseslalom nees komplett dominéiert. Um Enn hat d’Allrounderin eng komfortabel Avance vu 77 Honnertstel op d’Frederica Brignone aus Italien. Déi drëtte Plaz mat engem Réckstand vu 97 Honnertstel goung un d’Schwäizerin Lara Gut-Behrami.

Back to Top
CIM LOGO