
Bei den Damme huet sech d’Mikaela Shiffrin e Samschdeg hir 85. Weltcup-Victoire geséchert. Beim Slalom am tschechesche Spindleruv Mlyn huet d’US-Amerikanerin d’Lena Dürr (+0.60s) aus Däitschland an d’Wendy Holdener (+1.31s) aus der Schwäiz hannert sech gelooss. Fir den absolutte Rekord vum Ingemar Stenmark mat 86 Victoirë auszegläiche feelt dem Mikaela Shiffrin domat nëmmen nach ee Succès am Weltcup.
Bei den Häre konnt sech dann de Marco Odermatt am Super G behaapten. Am italienesche Cortina d’Ampezzo stoung de Schwäizer um Enn virum Aleksander Aamodt Kilde (+0.35s) aus Norwegen an dem Italiener Mattia Casse (+0.49s).
Am Schisprange vun den Häre konnt sech zu Tauplitz den Halvor Egner Granerud behaapten. Den Norweger séchert sech um Enn d’Victoire virum Stefan Kraft aus Éisträich an dem Slowen Domen Prevc.