
D’Toppfuererinnen am Schi-Alpin-Weltcup hu sech en Dënschdeg den Owend eng enk Course beim Slalom zu Flachau am Salzburger Land geliwwert. Dat bessert Enn hat d’Mikaela Shiffrin fir sech. D’US-Amerikanerin huet an 1:47,92 Minutte gewonnen an domadder hir éischt Slalom-Victoire an dëser Saison gefeiert.
Fir d’Shiffrin ass et an hirer Karriär déi 68. Victoire am Weltcup. Méi Weltcup-Victoiren hunn nëmmen de Schwed Ingemar Stenmark (86) an hir Landsfra Lindsey Vonn (82).
Um Podium stoungen en Dënschdeg nach d’Éisträicherin Katharina Liensberger (+0,19 Sekonnen), déi am zweeten Duerchgang mat enger Beschtzäit nach vun der véierter op déi zweete Plaz no vir gefuer ass, an d’Schwäizerin Wendy Holdener (+0,43 Sekonnen).
D’Leaderin am Gesamtweltcup an am Slalomweltcup Petra Vlhova huet de Podium iwwerraschend verpasst an ass Véiert ginn.