Schi AlpinMikaela Shiffrin feiert Victoire am Super-G zu St. Moritz

RTL Lëtzebuerg
D'US-Amerikanerin hat um Enn eng Avance vun 12 Honnertstel op d'Italienerin Elena Curtoni a vu 40 Honnertstel op d'Romane Miradoli aus Frankräich.
© AFP (Archiv)

Fir d’Shiffrin, déi éischter am Slalom an am Riseslalom doheem ass, war et eréischt déi 5. Victoire am Super-G. Et ass iwwerdeems hir drëtt Victoire fir dës Saison, esou datt déi zweefach Olympia-Gewënnerin hir Avance am Gesamtweltcup ausbaue kann. Hei huet si elo eng Avance vun 105 Punkten op d’Italienerin Sofia Goggia, déi e Sonndeg op déi gutt 5. Plaz koum.

Bei den Häre gouf et am Riseslalom zu Alta Badia an Italien eng Vcitoire fir de Lucas Braathen. Den Norweger konnt sech viru sengem Landsmann Henrik Kristoffersen duerchsetzen. De Marco Odermatt huet de Podium op der drëtter Plaz komplett gemaach a bleift am General vum Weltcup weider mat engem komfortabele Virsprong un der Spëtzt.

Back to Top
CIM LOGO