WantersportMikaela Shiffrin schléisst Saison mat weiderem Rekord of

RTL Lëtzebuerg
D'Amerikanerin gewënnt de leschte Riseslalom a feiert hir 88. Victoire an hirer Karriär. Am Biathlon huet de Johannes Bö och déi lescht Course gewonnen.
© AFP

D’Mikaela Shiffrin huet hir super Form och an der leschter Competitioun vun der Saison ënner Beweis gestallt. Si gewënnt de Riseslalom zu Soldeu an Andorra mat minimalem Virsprong vun 0,06 Sekonne virum Thea Louise Stjernesund aus Norwegen a verweist d’Kanadierin Valérie Grenier (+ 0,20 Sekonnen) op Plaz 3.

Fir d’Mikaela Shiffrin war et insgesamt déi 88. Victoire säit hirem Debut virun 12 Joer. Zousätzlech war et hir 138. Plaz um Podium, woumat si mam Éisträicher Marcel Hirscher gläichzitt. D’Amerikanerin hat sech scho virun der leschter Course d’Victoire am Gesamtweltcup, am Riseslalom an am normale Slalom geséchert.

Bei den Hären huet de Schwäizer Ramon Zenhäusern de leschte Slalom vun der Saison gewonnen. Hannert him hu sech d’Norweeger Lucas Braathen an Henrik Kristoffersen klasséiert. De Lucas Braathen konnt sech mat dëser Placéierung d’Kristallkugel an der Slalom-Kategorie a seng éischt Gesamtvictoire an enger Disziplin sécheren.

Am Biathlon vun den Hären huet de Johannes Thingnes Bö op en Neits seng Dominanz an dësem Wanter ënner Beweis gestallt. Am Massestart iwwer 15 Kilometer um Holmenkollen zu Oslo huet sech den Norweeger zwar zwee Schéissfeeler erlaabt, konnt vun der Konkurrenz awer net gestoppt ginn. De Schwäizer Niklas Hartweg (+ 26,2 Sekonnen) an de Vetle Sjastad Christiansen (+35,2 Sekonnen) koumen nach op de Podium, deen de Quentin Fillon Maillet esou just verpasst huet (+36,8 Sekonnen).

Bei den Dammen huet sech d’Hanna Öberg déi lescht Course vun der Saison gewonnen. No 12,5 Kilometer a just engem Schéissfeeler war d’Schweedin déi séierst an hat eng grouss Avance op d’Marte Olsbu Roiselund (+ 22,6 Sekonnen) an d’Anaïs Chevalier-Bouchet (43,7 Sekonnen) op de Plazen 2 an 3. An der leschter Course vun hirer Karriär koum déi Däitsch Denise Herrmann-Wick mat engem Retard vu 57,1 Sekonnen op Plaz 6. Bei schwierege Wiederkonditioune war et fir d’Leeferinnen net ëmmer einfach. De Gesamtweltcup gëtt vun der Franséisin Julia Simon gewonnen.

Am Schifléien zu Vikersund huet sech de Stefan Kraft virum Halvor Egner Granerud duerchgesat. Den Éisträicher huet 497,40 Punkte gesammelt (246,5 a 235,5 Meter) an domat aacht Punkte méi wéi den Norweeger. Béid Sprénger hunn d’Schifléien dominéiert an der Konkurrenz keng Chance gelooss. Den Anze Lanisek koum mat 468,80 Punkten op déi drëtt Plaz.

Bei der Première vum Schifléie bei den Dammen huet sech d’Slowenin Ema Klinec als éischt Gewënnerin an d’Geschichtsbicher ageschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO