
Nodeems e Samschdeg beim Schi-Alpin-Weltcup zu Bansko a Bulgarien dräi Italienerinne bei der Descente um Podium stoungen, huet d’Mikaela Shiffrin e Sonndeg Revanche geholl an hinnen am Super G keng Chance gelooss.
Déi 24 Joer al Amerikanerin huet mat enger Mëschung aus Aggressivitéit, Konzentratioun an Eleganz de Spuer G gewonnen. Op der usprochsvoller Pist war d’Shiffrin nëmmen am mëttelsten Deel net déi Séierst an deenen aneren Deeler ass si der Konkurrenz dovunner gefuer. Mat engem Retard vun 29 Honnertstel ass d’Marta Bassino aus Italien déi Zweet ginn. D’Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz hat als Drëtt e Retard vu 70 Honnertstel.