
Am éischte Laf gouf et eng dominant Performance vum Mikaela Shiffrin. D’US-Amerikanerin hat do schonns eng komfortabel Avance vun 72, respektiv 73 Honnertstel op d’Slowakin Petra Vlhova an d’Tessa Worley aus Frankräich.
Am zweeten Duerchgang konnt d’Mikaela Shiffrin dës Avance dann och geréieren a séchert sech domat hir 78. Victoire am Weltcup. D’Petra Vlhova koum op déi zweete Plaz mat engem Retard vun 13 Honnertstel, iwwerdeems d’Marta Bassino aus Italien nach op déi drëtte Plaz no vir gefuer ass.