
Direkt duerno goufen et Nouvellen, datt e puer Gesiichter de Veräin verloossen. Zanter e Sonndeg ass kloer, datt de Mikhail Zaritski d’nächst Saison net méi op der Wëlzer Trainerbänk sëtzt. Dat huet eis de fréieren Nationalspiller am Interview matgedeelt.
Donieft koum e Méindeg d’Confirmatioun, datt de fréieren Nationalgolkipp Ralph Schon beim FC AS Housen ënnerschriwwen huet. Dëst huet de Veräin aus der 1. Divisioun aus 1. Bezierk op hire soziale Medien annoncéiert.