Bildzeitung mellt"Milliardär" Flavio Becca rett Kaiserslautern

RTL Lëtzebuerg
Datt de Lëtzebuerger Entrepreneur sech fir Lautern interesséiere géif, dat hat RTL ewell méi dacks gemellt. Der Bild no ass den Engagement elo sécher.

“Fussball am Betzenberg gerettet: Milliardär steigt bei Lautern ein” - dat mellt d’Bildzeitung en Dënschdeg den Owend op hirem Internetsite. Illustréiert gëtt d’Nouvelle mat enger Foto vum Flavio Becca an am Text heescht et kloer: “Ein milliardenschwerer Investor aus Luxemburg steigt beim Pfälzer Traditionsklub ein.”

Den Artikel ass “Bild+" gezeechent, also just mat Abo ze liesen.

Doran heescht et, duerch den Engagement vum Flavio Becca kréich den 1. FCK dann och d’Lizenz, déi den DFB bis elo just ënner Oploe ginn hat ... an déi, wéi d’Bild schreift, akut a Gefor war.

En Dënschdeg hätte sech, wéi vun RTL e Méindeg gemellt, Vertrieder vum 1. FCK mat engem Team vum Flavio Becca zu Lëtzebuerg getraff, duerno hätt de Finanzchef vu Lautern wësse gedoen: “Intensive und lange Verhandlungen zwischen dem Team von Flavio Becca und dem Team des FCK haben zu einem Ergebnis geführt, das am Donnerstag den Mitgliedern des Beirates vorgestellt werden soll”, esou d’zitéiert d’Bildzeitung de Michael Klatt.

D’Bild wëll och wëssen, datt de Klaus Toppmöller (67) de Becca berode wäert. Deen hätt dat och ewell zu Diddeleng gemaach. Do ass jo den Dino Toppmöller Trainer.

Den 1. FCK hat an der Lescht och wéinst internen Intrige fir Noriichte gesuergt. Do kéint deemnächst mam Flavio Becca en neie Wand blosen, well zu Diddeleng hätt deen ewell gewisen, datt en net frou ass mat Intriganten.

En Donneschdeg, esou d’Bild, soll dann déi definitiv Decisioun falen, ob de Lëtzebuerger Lautern retten däerf ... Dat lescht Wuert ass also awer nach net geschwat.

RTL-NEWS vum 5. Abrëll: RTL-Informatiounen - Interessi vu Flavio Becca um 1. FC Kaiserslautern elo konkret.

Back to Top
CIM LOGO