Internationale FuttballMilner rett Liverpool déi 3 Punkten, Metz verléiert auswäerts

RTL Lëtzebuerg
Liverpool huet an der leschter Minutt de vollen Asaz géint Leicester kritt a Real konnt am Spëtzematch 4:2 wannen.
Huet sech bei der 0:2-Defaite schwéier blesséiert: den Hugo LLoris.
Huet sech bei der 0:2-Defaite schwéier blesséiert: den Hugo LLoris.
© AFP

Premier League

Brighton- Tottenham 3:0
1:0 Maupay (3'), 2:0 Connolly (32'), 3:0 Connolly (65')

No der batterer 2:7-Néierlag an der Woch an der Champions League géint Bayern wollten et d’Spurs an der Premier League zu Brighton besser maachen. Ma dat ass de Jonge vum Trainer Pochettino awer net gelongen. Fréi ass d’Lokalekipp nämlech duerch de Maupay a Féierung gaangen. Mat dem duebele Coup vum Connolly war d’Partie dunn entscheet.

Huet sech bei der 0:2-Defaite schwéier blesséiert: den Hugo LLoris.
Huet sech bei der 0:2-Defaite schwéier blesséiert: den Hugo LLoris.
© AFP

Liverpool - Leicester 2:1
1:0 Mané (40'), 1:1 Maddison (80'), 2:1 Milner (90'+3)

Liverpool hat mat Leicester een zolitte Géigner virun der Broscht. D’Reds sinn an der 40. Spillminutt a Féierung gaangen, wéi de Mané iwwer lénks an de Laf geschéckt gouf an de Senegales cool laanscht de Kipper geluecht huet. 10 Minutte waren nach ze spillen, wéi D’Foxes ausgeglach hunn. De Schlusspunkt vun der Partie ass dem Milner mat sengem verwandelten Eelefter gelongen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

PSG - Angers 4:0
1:0 Sarabia (13'), 2:0 Icardi (37'), 3:0 Gueye (59'), 4:0 Neymar (90)

D’Ekipp aus der franséischer Haaptstadt war géint Angers de grousse Favorit. D’Jonge vum Trainer Thomas Tuchel hu géint den Underdog näischt ubrenne geloosse a verdéngt mat 4:0 gewonnen.

© AFP

Stade Brest - FC Metz 2:0
1:0 Faussurier (11'), 2:0 Castelletto (45')

LINK op 5minutes.rtl.lu: Les Grenats rechutent en terres bretonnes LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Granada 4:2
1:0 Benzema (2'), 2:0 Hazard (45'+1), 3:0 Modric (61'), 3:1 Machis (69'), 3:2 Duarte (77'), 4:2 Rodriguez (90'+2)

Am Estadio Santiago Bernabéu ass Real Madrid op d’Iwwerraschungsekipp vu Granada getraff - et war d’Explikatioun tëscht dem Tabellen-Leader an dem Zweeten. Déi Kinneklech konnte mat engem 2:0-Avantage an d’Paus goen an op der Stonn huet Real duerch de Modric op 3:0 gesat. Du koum d’Schlussoffensiv vu Granada, mä fir eng komplett Remontada goug et um Enn awer net duer. Den agewieselte Rodriguez huet nämlech den Deckel op de Match geluecht.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Genua - AC Milan 1:2
1:0 Schöne (41'), 1:1 Hernandez (52'), 1:2 Kessié (57')

An enger geckeger Partie mat insgesamt 3 roude Kaarte war Milan um Enn de gléckleche Gewënner. Milan war am 1. Duerchgang a Réckstand geroden an ass och mat dësem an d’Paus gaangen. Kuerz virum Téi war de Saponara vu Genua vum Terrain geflunn. D’Rossoneri koumen am weidere Verlaf duerch Goler vum Hernandez a Kessié zeréck an de Match an hate Chance. Well an der 3. Minutt vun der Nospillzäit huet de Buteur vum 1:0, de Schöne, een Eelefter verschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO