
Ma well dem Griich säin zweetbeschte Sprong besser war, wéi dee vum Kubaner a well dëse wéinst enger Verletzung säi leschte Sprong net konnt maachen, war d’Goldmedail um Enn fir de Miltiadis Tentoglou.
Eng weider Decisioun gouf et am Hürdesprint bei de Fraen. D’Jasmine Camacho-Quinn huet hei déi éischt Goldmedail an der Liichtathletik an déi zweet iwwerhaapt fir Puerto Rico gewonnen. Sëlwer war fir d’USA mam Kendra Harrison a Bronze goung un d’Megan Tapper aus Jamaika.

