
D’Missioun Grottekick ass mat engem Mix vu Veteranen e Samschdeg an engem Galamatch fir de gudden Zweck géint d'2. Ekipp vum FC Jeunesse Useldeng ugetrueden.
Nodeems et no 3 x 30 Minutte 5:5 stoung, huet d’Decisioun missen am Eelefmeterschéisse falen an do huet d’Missioun Grottekick mat 7:8 de Kierzere gezunn.
Beim Galamatch goufe 1.500 Euro fir Autisme Luxembourg ASBL gesammelt.