Batter Nouvelle fir d'RedsMohamed Salah wäert am Retourmatch géint Barcelona feelen

RTL Lëtzebuerg
Den FC Liverpool muss am Retourmatch vun der Halleffinall an der Champions League op hire Superstar Mohamed Salah verzichten.
© AFP

“Hien huet eng Gehirnerschütterung an dierf net spillen”, sot den Trainer Jürgen Klopp e Méindeg bei enger Pressekonferenz un der Anfield Road. Och de Roberto Firmino wäert mat engem Muskel-Blessur feelen. Den Allersmatch hat Liverpool jo mat 0:3 zu Barcelona verluer.

D’Hoffnungen, de Sprong an d’Finall op en Neits ze packen, si mat dësen zwou Nouvellë weider méi kleng ginn.

De Jürgen Klopp huet nawell ënnerstrach, dass si sech nach laang net géife geschloe ginn, an dass si mat allem, wat se hunn, géife probéieren, et awer ze packen, och wann ee sech bewosst wier, dass ee mam Réck widder der Mauer steet.

Back to Top
CIM LOGO