
An Däitschland gouf et am Rhäin-Derby eng Victoire fir Köln. Fir de Marvin Martins gouf et iwwerdeems an Éisträich eng Victoire géint de WSG Tirol. Den Iwwerbléck vun de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir hei.
FC Köln - Borussia Mönchengladbach 3:1
1:0 Kainz (Eelefmeter, 9'), 1:1 Elvedi (64'), 2:1 Kainz (Eelefmeter, 76'), 3:1 Waldschmidt (90+1')
Köln ka ënnert anerem duerch zwee Eelefmeter Goler duerch de Kainz zu Köln-Müngersdorf eng immens wichteg Victoire feieren. Et ass dann och déi éischte Kéier an dëser Saison, dass Köln sech iwwer 3 Punkte ka freeën, an dat ausgerechent am Derby géint Gladbach. Alles an allem war et eng verdéngte Victoire, et huet een aus Kölner Siicht et awer verpasst, virun allem an der 1. Hallschent, fréizäiteg den Deckel drop ze maachen. An der zweeter Hallschent huet Gladbach sech verbessert gewisen, no der Rouder Kaart géint de Koné ass d’Liewen och net méi einfach ginn. De Waldschmidt huet an der Nospillzäit fir d’Entscheedung gesuergt.
Bei Köln ass de Mathias Olesen net zum Asaz komm. Den Ivandro Borges fält jo aktuell verletzt aus. An der Tabell gëtt een déi rout Lanter elo u Mainz of, a steet mat 4 Punkten op der 16. Plaz, iwwerdeems Gladbach no enger schlechter Leeschtung mat 6 Punkten op er 12. Plaz steet.
FC Heidenheim - FC Augsburg 2:5
1:0 Kleindienst (17'), 2:0 Beste (18'), 2:1 Tietz (29'), 2:2 Pedersen (41'), 2:3 Demirovic (42'), 2:4 Uduokhai (64'), 2:5 Rexhbecaj (87')
Augsburg ass mat hirem neien Trainer Jess Thorup alles anescht wéi gutt gestart a louch duerch zwee Goler bannent 2 Minutten no 18 Minutte mat 0:2 a Réckstand. Augsburg huet awer Moral gewisen, an de Kapp net an de Sand gestach. Sou ass et dem FCA nach virun der Paus gegléckt de Match zu hire Gonschten ze dréinen, a louch no 45 Minutte mat 3:2 zu Heidenheim a Féierung. Heidenheim huet wuel nach emol alles versicht, ma genau an der Drangsphase vum FCH huet Augsburg a Persoun mam Uduokhai fir d’Virentscheedung gesuergt. De Rexhbecaj huet per Eelefmeter fir de Schlusspunkt gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Aston Villa - West Ham United 4:1
1:0 Douglas Luiz (30'9, 2:0 Douglas Luiz (52'), 2:1 Bowen (56'), 3:1 Watkins (74'), 4:1 Bailey (89')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - AC Monza 1:0
1:0 El Shaarawy (90')
Eng verdéngte Last-Minute-Victoire fir den AS Roum. War et an der 1. Hallschent eng éischter roueg Ugeleeënheet, ass et an deenen zweete 45 Minutte méi intensiv hier gaangen. Virun allem an der Schlussphase huet den AS Roum du ferm ob de Gaspedall gedréckt. Huet den Azmoun an der 89. Minutt nach just de Potto getraff, sollt den agewiesselten El Shaaraway et an der 90. Minutt besser maachen. An der Nospillzäit, déi ganzer 11 Minutte gedauert huet, sollt de Trainer vun der AS Roum José Mourinho dunn nach op Tribün fléien, un der 1:0-Victoire vu Roum sollt dat awer näischt méi änneren.
Atalanta Bergamo - CFC Genua 2:0
1:0 Lookman (68'), 2:0 Ederson (90+5')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Toulouse - Stade Reims 1:1
0:1 Richardson (48'), 1:1 Dallinga (52')
OSC Lille - Stade Brest 1:0
1:0 Yazici (6')
Eng wichteg Victoire fir Lille. Mat den 3 Punkte kann een an der Tabell de Géigner vun haut, de Stade Brest, iwwerhuelen a steet elo op der 4. Plaz, viru Brest, déi elo op der 5. Plaz ze fanne sinn.
AS Monaco - FC Metz 2:1
0:1 Camara (4'), 1:1 Golovin (42'), 2:1 Golovin (55')
Monaco ka sech trotz fréiem Réckstand mat 2:1 géint Metz behaapten a bleift domat Leader an der Ligue 1. Metz bleift weider am Tabellekeller mat 8 Punkten a steet op der 16. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Girona - UD Almeria 5:2
0:1 Leo Baptistao (2'), 0:2 Leo Baptistao (24'), 1:2 Ivan Martin (37'), 2:2 Dovbyk (39'), 3:2 Dovbyk (43'), 4:2 Savio (71'), 5:2 Stuani (85')
Girona ass denkbar schlecht an de Match gestart a louch no knappe 25 Minutten doheem mat 0:2 a Réckstand. Ween gemengt hätt et géif een als Verléierer vum Terrain goen, huet sech awer nawell ferm getäuscht. D’Lokalekipp huet de Match nach an der 1. Hallschent konnten dréinen, an huet mat zwee weidere Goler an der zweeter Hallschent dofir gesuergt, dass ee mat 5:2 als Gewënner vum Terrain geet, an an der Tabell elo punktgläich mat Real Madrid op der 2. Plaz steet.