
Um Samschdeg gouf just an der Ligue 1 a Frankräich an an der Serie A an Italien gespillt.
Angers - Paris SG 1:2
A sengem leschte an dëser Saison konnt de Neymar nach eng kéier weisen wat e kann an huet fir d’Victoire gesuergt. De Brasilianer ass io fir 3 Matcher gespaart ginn nodeems en e Fan vu Rennes no der Coupe-Finall attackéiert hat. An der 20. Minutt huet en den 1:0 selwer markéiert an an der 58. Minutt huet en den 2:0 vum Di Maria virbereet. An der 85. Minutt huet de Marquinhos nach déi rout Kaart gesinn an 2 Minutten drop huet den Tait op 1:2 verkierzt.
Nîmes - Monaco 1:0
Monaco stécht weider an der Kriis a riskéiert weiderhin aus der Ligue 1 ze falen. Géint Nîmes gouf et eng 0:1-Néierlag a sinn elo an der Tabell punktgläich mam 3. leschten Caen déi hire Match géint Reims gewanne konnten. Op den 2. leschten Dijon hu se just e Virsprong vun 2 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Florenz - AC Mailand 0:1
Mat engem knappen 1:0 gewënnt den AC Milan zu Florenz duerch e Gol vum Hakan Calhanoglu. An der Tabell stinn se domadder elo op der 5. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga