Rassismus a PortugalMoussa Marega verléisst den Terrain

RTL Lëtzebuerg
Beim Match FC Porto géint Vitoria Guimarães gouf de Moussa Marega vun Deeler vum Public rassistesch beleidegt, dat nodeems hien e Gol geschoss hat.
© AFP

De Spiller hat voller Roserei den Terrain verlooss an huet de Spectateuren de Mëttelfanger gewisen. Ënnert anerem wier och mat engem Stull op de Spiller gehäit ginn, heescht et.

Den 28 Joer ale Spiller mécht nom Match och dem Arbitter staark Reprochen, datt dësen hien net verdeedegt huet an him bei dëser Aktioun eng giel Kaart gewisen huet.

Leschte Weekend koum et och schonns an Däitschland zu engem änleche Virfall. Hei war de Leroy Kwadwo vum Drëttligist Würzburger Kickers betraff.

Back to Top
CIM LOGO