American FootballMünchen séchert sech dat éischt NFL-Spill an Däitschland

RTL Lëtzebuerg
No Groussbritannien ass Däitschland dat zweet Land an Europa, dat d'"International games" vun der National Football League organiséiere wäert.
© AFP (Archiv)

Laang hunn d’Fans drop gewaart, en Donneschdeg den Owend war et dunn offiziell. D’Staren aus der NFL kommen an Däitschland. Am November 2022 wäert den éischten NFL-Match zu München gespillt ginn. 2023 ass et da Frankfurt. Dono wiessele sech béid Stied dann nach eemol fir déi 2 lescht Joer of. Geplangt ass, datt vun 2022 bis op d’mannst 2025 een NFL-Match an engem vu béiden däitsche Stadie stattfënnt.

© AFP (Archiv)

München, Frankfurt an Düsseldorf haten et an déi méi enk Auswiel gepackt, ma schlussendlech goung d’Éier, déi éischte Matcher organiséieren ze dierfen, u München a Frankfurt. Ausserhalb vun den USA ginn am Kader vun den “International games” vun der National Football League och Matcher zu London a Mexiko-City gespillt.

D’Fan-Communautéit an Europa ass an de leschte Joren immens gewuess. An deem Kader gouf d’lescht Joer och d’European League of Football lancéiert. Eng professionaliséiert europäesch Liga, an där europäesch Football-Ekippe géinteneen untrieden. Zejoert waren et 8 Ekippen, fir déi zweet Saison sinn 12 Stéck aus 5 europäesche Länner (Däitschland, Éisträich, Polen, Spuenien an d’Tierkei) virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO