BGL Ligue - Virschau (1)Munneref géint Hueschtert

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass den Optakt vun der BGL Ligue an dofir presentéiere mir Iech am Laf vun der Woch d'Matcher vum 1. Spilldag.

Zu Munneref ass d’Ära Bonvini um Trainerstull eriwwer, vun elo aus un huet de Serge Wolf dat sportlecht Soen an hie war dann och ganz zefridde mat der Preparatioun a sengem neien Ëmfeld. Et hätt een am Virfeld vun der Saison gutt zesumme geschaaft an et hätt een e puer gutt Frëndschaftsmatcher kënne spillen.

BGL Ligue - Virschau: Munneref géint Hueschtert

Et hu kaum Spiller d’US Munneref verlooss an eng Dosen nei Gesiichter sinn elo am Kader. Den Trainer schwätzt vun enger equilibréierter Ekipp. Et hätt ee sech mat gudde Lëtzebuerger verstäerkt, ma och gutt jonk auslännesch Spiller bäikritt.

Fir d’Ekipp aus der Thermalstad heescht et, esou séier wéi méiglech de Maintien ze assuréieren an dat gëllt och fir de Géigner um 1. Spilldag, d’US Hueschtert.

D’Ekipp aus dem Gréngewald huet sech bis op e puer kleng Boboe gutt op den éischte Rendez-vous preparéiert. No der laanger Paus wier et schwéier gewiescht, nees richteg eranzekommen, ma am allgemenge wier d’Preparatioun awer gutt verlaf, verséchert den Trainer Henri Bossi.

Eng Rei Titulairen, déi och nach als 1. Lizenz zielen, hunn de Veräi verlooss. Et ass awer versicht ginn, déi ze kompenséieren. Den Henri Bossi ass der Meenung, dass een et awer fäerdegbruecht hätt, déi Spiller ze ersetzen a weider hätt een eng ganz Rei jonk a villverspriechend Talenter aus Lëtzebuerg kënnen an de Gréngewald lackelen.

D’Zil zu Hueschtert ass dann och kee Geheimnis: de Maintien assuréieren an ee gudde Parcours an der Coupe de Luxembourg realiséieren.

Ugepaff gëtt d’Partie Munneref géint Hueschtert e Sonndeg um 18 Auer.

Back to Top
CIM LOGO