
De wuel bekanntste Spiller ënnert de 4 Neien ass de Patrick Stumpf. Den 31 Joer ale Buteur huet déi lescht Saison fir den F91 Diddeleng gespillt an hat virdrun och schonns den Trikot vun der Escher Jeunesse op senge Schëlleren. Den däitsche Spiller soll d’nächst Joer fir déi néideg Goler suergen. D’lescht Saison huet de Stumpf fir den F91 och an der Europa League gespillt a konnt an der Qualifikatioun och zwee Goler markéieren, dat géint Drita a géint Warschau.
Weider kënnt mam Alexandre Semedo een ale Bekannten zeréck op Munneref. Nodeems den 29 Joer ale Futtballer schonns 4 Joer bei der USM gespillt huet, war hie beim Racing an zu Déifferdeng. Elo ass hien zeréck an der Ekipp vum Arno Bonvini.
Vu Schëffleng kënnt da mam Pieume Maffosi een 22 Joer ale Spiller, deen d’Defense verstäerke soll.
Dee leschte Spiller da kënnt aus dem Ausland. Den Abel Khaled wiesselt vun Délémont an der Schwäiz op Munneref. Den 26 Joer ale Khaled gouf a Frankräich ausgebilt a soll fir Kreativitéit am Mëttelfeld suergen.