FuttballNach e bëssen Aarbecht viru Litauen an der Ukrain fir FLF-Staff

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend hat d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp géint Madagaskar 3:3 gläichgespillt.
© Val Wagner

Luc Holtz huet nach Aarbecht / Reportage Franky Hippert

En Testlännermatch ass do, fir ze testen. Positiv nom 3:3 e Sonndeg vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp géint Madagaskar, ass d’Resultat, d’Moral vun de Roude Léiwen, an eng Rei offensiv Aktiounen. Fir déi zwou Partien an der Europameeschterschaftsqualifikatioun e Freideg a Litauen an den 10. Juni an der Ukrain, huet den FLF-Trainerstaff awer nach e bëssen Aarbecht.

Mat der Ufanksphas konnt de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz nach Liewen. Defensiv ass awer nach Loft, no uewen. Géint Litauen an d’Ukrain däerf ee sech a verschidde Situatiounen net esou naiv uleeën.

Offensiv ware wärend dem gréissten Deel vun der Partie verschidden Aktiounen op déi ee kann opbauen. Do muss un der Chanceverwäertung nach geschafft ginn.

Et si 17 Joer hir, datt d’Rout Léiwen an engem Lännermatch e Retard vun zwee Goler opgeholl hunn. Dat war de 17. Abrëll 2002 beim 3:3 am Frëndschaftslännermatch géint Liechtenstein.

Back to Top
CIM LOGO