SchwammfederatiounNach keng Ausschreiwung fir neien Nationaltrainer

RTL Lëtzebuerg
D'Schwammfederatioun ass op der Sich vun engem neien Nationaltrainer. D´FLNS huet viru kuerzem de Kontrakt mam Ingolf Bender gekënnegt.

Et war schonns eng kleng Bomm, déi kuerz viru Chrëschtdag an der Lëtzebuerger Schwammwelt explodéiert ass. Nämlech d’Annonce, dass d’FLNS an den Ingolf Bender an Zukunft getrennte Weeër ginn. Den Däitschen hat ee Contrat à durée indéterminée. Dee gouf elo no 15 Joer opgeléist. Firwat dat esou geschitt ass, wëll d’Schwammfederatioun net soen. Bis elo war den C.A. vun der FLNS nach net beienee fir ze kucken, wéi ee Profil den neien Mann oder Fra muss matbréngen an och wéi dee ganzen Trainerstaff an Zukunft wäert opgestallt ginn. De President vun der FLNS Marco Stacchiotti: Et ginn e puer Optiounen: Eng Approche Topdown, also eng Hierarchie an eisem Trainerwiesen oder eng flaach Opstellung an déi kéint méi Flexibilitéit bréngen. Déi Organisatioun muss natierlech de Besoin ofdecken, mee och flexibel genuch sinn, fir eisen Athleten entgéint ze kommen an hirem Sport.

Wann den C.A. vun der Schwammfederatioun alles definéiert huet, gëtt de Projet dem Sport-Ministère presentéiert.

Well de Ministère ass jo och deen, deen ee grousse finanziellen Deel dozou bäidréit. Et ass wichteg, dass si eis verstinn an eiser Erneierung vun der Organisatioun.

Wann de Ministère mat de Propositiounen zefridden ass, geet et dann an eng weider Phase.

Vun deem Outcome kann dann de passenden Mission Statement opgesat ginn, fir dann eng Ausschreiwung ze maachen an d’Kandidaten wëllkomm ze heeschen. Virop mussen natierlech Basis-Qualitéiten do sinn. Dat ass eng A-Lizenz an déi Leit musse sech kennen an eng Ekipp integréieren.

De Marco Stacchiotti seet, dass bis elo nach keng Candidature spontanée bei der FLNS an der Bréifkëscht louch.

Och net vu fréiere Schwëmmer. Dat wäert spéiderhi réischt kommen, wann d’Leit d’Ausschreiwung gesinn. Warscheinlech och am Ausland, well eng A-Lizenz rëselt een net esou séier aus dem Aarm.

Den neien Nationaltrainer dierft méi wéi sécher aus dem Ausland kommen, well hei am Land hu just 4 Leit eng A-Lizenz.

Back to Top
CIM LOGO