Den Iwwerbléck vum internationale FuttballNächst Néierlag fir ManCity, Olesen an Dzogovic am Duell

RTL Lëtzebuerg
An der Premier League muss sech ManCity mat 1:2 geschloe ginn an an der 2. Bundesliga si beim direkten Duell tëscht zwee Lëtzebuerger néng Goler gefall.
© AFP

E Sonndeg ass et am internationale Futtballchampionnat eng Iwwerraschung an England ginn. Duerch e spéide Géigegol muss sech Manchester City mat 1:2 bei Brighton geschloe ginn a verléiert domadder den zweete Match hannerteneen. Am Duell tëscht Liverpool an Arsenal haten d’Reds duerch ee Sonndesschoss um Enn d’Iwwerhand

An der däitscher Bundesliga huet sech Dortmund dann däitlech mat 3:0 géint Union Berlin duerchgesat an an der Ligue 1 muss Metz no der drëtter Defaite hannertenee weider op den éischte Punkt vun der Saison waarden.

Bundesliga

Wolfsburg - Mainz 1:1
1:0 Zehnter (9'), 1:1 Amiri (89')

Wolfsburg verpasst de perfekte Start a spillt duerch ee spéiden Ausgläich 1:1 géint Mainz. D’Wölfe ware schonn no néng Minutten am Numm vum Zehnter a Féierung gaangen an hunn duerno géint engagéiert Mainzer gutt verdeedegt. D’Gäscht hunn no der Paus weider Drock gemaach, krute sech bis ganz zum Schluss awer net dofir belount. Nom Asaz vum VAR gouf da wéinst Hands op Eelefmeter entscheet, deen den Nadiem Amiri sech net entgoe gelooss huet.

Dortmund - Union Berlin 3:0
1:0 Guirassy (44'), 2:0 Guirassy (58'), 3:0 Nmecha (81')

Dortmund huet de Feelstart an déi nei Saison verhënnert a mat engem 2:0 géint Union Berlin déi éischt dräi Punkte geséchert. Kuerz virun der Paus konnt de Serhou Guirassy de BVB a Féierung bréngen a seng Ekipp mat engem verdéngten 1:0 an d’Paus schécken. Union Berlin war zwar och gutt an de Match gestart, hat awer net déi richteg gutt Golchancen. Dat huet sech dann nom Säitewiessel geännert a sou gouf et direkt no der Paus zwou gutt Méiglechkeete fir auszegläichen. Dortmund huet dann no enger knapper Stonn awer op 2:0 duerch de Guirassy erhéicht a sech bis zum Schluss d’Victoire net méi huele gelooss. Spéitstens mam 3:0 duerch de Felix Nmecha an der 81. Minutt war den Deckel drop.

Köln - Freiburg 4:1
1:0 Kaminski (35'), 2:0 Bülter (47'), 3:0 Thielmann (57'), 4:0 El Mala (81'), 4:1 Eggestein (84')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Brighton - Manchester City 2:1
0:1 Haaland (34'), 1:1 Milner (67'), 2:1 Gruda (89')

Manchester City muss sech duerch ee spéide Géigegol géint Brighton geschloe ginn. Dobäi hat et eigentlech gutt mam Féierungsgol duerch den Erling Haaland an der 34. Minutt ufanks net sou schlecht ausgesinn. An der zweeter Hallschent gouf et dann awer een Eelefmeter fir d’Lokalekipp, deen den James Milner sécher eraschéisse konnt. An der Schlussphas hunn d’Seagulls dann den Drock weider erhéicht a goufen an der 89. Minutt dofir belount. Den agewiesselte Brajan Gruda war et, dee mat enger schéiner Eenzelaktioun de Match decidéiert huet.

Nottingham - West Ham 0:3
0:1 Bowen (84'), 0:2 Paqueta (88'), 0:3 Wilson (90+1')

Liverpool - Arsenal 1:0
1:0 Szoboszlai (83')

Liverpool behaapt sech duerch e spéide Gol mat 1:0 géint Arsenal. Déi éischt 45 Minutte kruten d’Spectateuren net wierklech eppes fir hir Sue gebueden an och wann déi zweet Hallschent e Stéck besser war, huet dat grousst Spektakel weider op sech waarde gelooss. Ee Sonndesschoss vum Dominik Szoboszlai huet an der 83. Minutt dann den Ënnerscheed gemaach, dat duerch en direkte Fräistouss, deen um Enn fir déi dräi Punkten duergoe sollt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Genua - Juventus 0:1
0:1 Vlahovic (73')

Turin - Florenz 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Le Havre - Nice 3:1
1:0 Doucouré (13'), 1:1 Peprah Oppong (52'), 2:1 Ndiaye (61'), 3:1 Soumaré (90+5')

Monaco - Stroossbuerg 3:2
1:0 Akliouche (6'), 2:0 Balogun (48'), 2:1 Bakwa (73'), 2:2 Panichelli (76'), 3:2 Minamino (90+6')

FC Paris - Metz 3:2
0:1 Sané (22'), 1:1 Kebbal (45+3'), 2:1 Kebbal (52'), 2:2 Traoré (54'), 3:2 Simon (67')

An engem geckege Match ka sech den FC Paris déi éischt dräi Punkte vun der Saison sécheren. Den FC Metz war no 22 Minutten duerch e Gol vum Sané a Féierung gaangen, huet awer nach kuerz virun der Paus missen den Ausgläich astiechen. De Kebbal konnt de Match dann am zweeten Duerchgang duerch säin zweete Gol vum Dag dréinen, ma d’Metzer Ekipp konnt nëmmen zwou Minutte méi spéit eng Reaktioun weisen an ausgläichen. D’Lokalekipp sollt um Enn awer d’Iwwerhand behalen a wënnt duerch en decisive Gol vum Moses Simon mat 3:2, woumat den FC Metz no dräi Spilldeeg weider ouni Punkt do steet. De Brian Madjo ass vun der Bänk aus net an den Asaz komm.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - Villarreal 1:1
0:1 Pépé (53'), 1:1 Iglesias (90+4')

Betis Sevilla - Bilbao 1:2
0:1 Bartra (60'), 0:2 Paredes (85'), 1:2 Bakambu (90+7')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland

An der 2. Bundesliga sinn e Sonndeg zwee Lëtzebuerger am direkten Duell openeegetraff. An engem verréckte Match konnt sech Greuther Fürth um Enn mat 5:4 zu Magdeburg duerchsetzen. Den Eldin Dzogovic, dee fir déi éischte Kéier an der Starteelef stoung, konnt ee Gol selwer virbereeden. Och de Mathias Olesen stoung vun Ufank un um Terrain an hat um Enn d’Gléck op senger Säit.

An der éischter portugisescher Liga huet de Leandro Barreiro mat enger Virlag zu der 2:1-Victoire vu Benfica géint Alverca bäigedroen. Kuerz virun der Paus konnt de Lëtzebuerger Nationalspiller de Gol virbereeden. Duerch dëse Succès bleift Benfica weider ouni Punkteverloscht an der neier Saison.

Back to Top
CIM LOGO