SprangreidenNational Meeschterschaften zu Réiser

RTL Lëtzebuerg
Bei der 25. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg ginn traditionell och déi national Meeschterschaften ausgedroen.
Sprangreiden zu Réiser
Am Sprangreide waren dëse Weekend déi national Meeschterschaften zu Réiser am Kader vun de Réiser Päerdsdeeg.

An der héchster Kategorie Senior hate sech siwe Reiderinnen a Reider fir de Kampf ëm den nationale Championstitel ageschriwwen.

Nieft de méi bekannte Reiderinnen a Reider aus dem Grand-Duché, hat sech mam Odile Gierech, enger Lëtzebuergerin, déi an der Géigend vu Bréissel wunnt, och en neit Gesiicht bei den nationale Meeschterschaften afonnt.

Als éischt Epreuve steet traditiounsgeméiss e Parcours, wou et ëm d’Zäit geet, um Programm an de Marcel Ewen ass als Beschten duerch de Parcours komm.

Back to Top
CIM LOGO