
E Méindeg den Owend huet am Futtball Nidderkuer mam Aldin Skenderovic den éischt Transfert fir déi nächst Saison virgestallt. Den 21 Joer ale Lëtzebuerger-Nationalspiller war dat lescht annerhalleft Joer bei Elversberg an der däitscher Regionalliga. Do konnt sech den defensive Mëttelfeldspiller, dee virdrun zu Péiteng an zu Déifferdeng gespillt hat, awer net richteg duerchsetzen.
De Progrès steet am Moment op der 5. Plaz an der Tabell a géif aktuell keng Europa League Qualifikatioun spillen.