Europa LeagueNeapel no Victoire u Spëtzt vum Grupp C, souverän Victoire vu Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war de véierte Spilldag vun der Gruppephas an der Europa League.
© AFP

Am Grupp D konnt Eintracht Frankfurt sech un der Tabellespëtzt ofsetzen. De Bundesligist gewënnt nämlech duerch e Gol an der 92. Minutt vum Hauge mat 2:1 géint Olympiakos Piräus, déi op der 2. Plaz an der Tabell stinn.

Am Grupp C kann Neapel sech no enger klorer 4:1-Victoire géint Warschau un d’Tabellespëtzt setzen. Dat och well Leicester City net iwwer en 1:1 géint Spartak Moskau eraus komm ass.

Am Grupp B gouf et am Spëtzematch tëscht Monaco an dem PSV Eindhoven kee Gewënner, béid Ekippen trenne sech mat engem 0:0.

Bayer Leverkusen feiert eng wichteg Victoire am Grupp G. Duerch d'4:0-Victoire géint Betis Sevilla ka sech de Bundesligist op déi éischt Tabelleplaz setzen.

Hei fannt Dir all d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO