Däitsch Futtball-NationalekippNei Ekipp, neie Sponsor an och nei Landesfaarwen

RTL Lëtzebuerg
Dem DFB ass beim Design vun hirem neie Bus fir d'däitsch Nationalekipp ee klenge Feeler geschitt.

Um Bus ass den däitsche Fändel nämlech de falsche Wee drop. Gold-Rout-Schwaarz, esou ass d’Reiefolleg vun de Faarwen hannen um Bus. Allerdéngs misst et Schwaarz-Rout-Gold sinn.

Well déi däitsch Futtball-Nationalekipp fir 2019 en neie Sponsor krut, huet och en neie Bus missen designed ginn. Net méi Mercedes, mä VW ass den neie Sponsor an zu VW gehéiert och MAN.

Back to Top
CIM LOGO